top of page

Concours

Rapp „Ech kann“ a weis dem Nikki Ninja wat s du kanns! Gewann e Feature mam Nikki Ninja, sief um Nikki Ninja Album 2 a gewann elauter aner ninjatastesch Kaddoen!

Step 1

Fro däi groussen Ninja ob s du matmaachen dierfs.

Step 2

Géi mat him op Nikkininja.lu a luet den Instrumental Beat + Text vun „Ech kann“ erof!

Step 3

Film dech oder huel deng Stëmm op, wéi s du ninjatastesch rapps a schéck de Video oder Voicerecording mat dem ënnerschriwwene Formulaire vum groussen Ninja, bis spéitstens de 16. Januar 2026 un nikkininjaya@gmail.com. Wann s du wëlls, kanns du dem Nikki Ninja och nach e Bild molen!

Step 4

D'Nikki Ninja a seng Ekipp lauschteren a kucken sech derduerch, an d'Gewënner ginn den 23. Januar 2026 kontaktéiert.

Opzielung vu Kaddoen: 

All klengen Ninja gewënnt eppes! Meet & Greet mam Nikki Ninja! D'Nikki Ninja schreift e Lidd, just fir dech mat dengem Numm dran / Tickets fir op d'Release de 7. Juni 2026 / Eng Beatmaschinn / Ee Karaoke - Mikro / ninjatastesch Stickeren an an an.

bottom of page