top of page
Search

D'ninjatastesch Ekipp

  • Writer: Nikki Ninja
    Nikki Ninja
  • Jun 30, 2022
  • 1 min read

Updated: Apr 11


ree

D'Nikki ass een normaalt Schoulmeedchen wat zu Räppeldeng wunnt, ee klengt Duerf an eisem Lëtzebuerger Land. An der Schoul kritt d'Nikki ëmmer rëm gesot hat muss roueg sinn an doheem seet d'Mamma zu allem Nee, dëst mëscht d'Nikki esou rosen dass hat sech an d'Nikki Ninja verwandelt: eng Super-Ninja-Fra ! Seng Super-Ninja-Kraaft? Hat ka reime wéi soss keen AN jidderee lauschtert him no! D'Nikki Ninja gëtt gespillt vum Nicole Bausch.

ree

D’Jessi Jaus, eis verréckten Nuddel, ass flénk wéi en Hues an hellt keen Blat virun de Mond.

D’Jessi Jaus gett gespillt vum Nadja Prange. 



ree

D’Schwengi Schwäin spillt bombastesch gutt Bass a fillt sech a sengen Nouten wuel, wéi een Schwengchen wat sech am Dréck wänzelt. D’Schwengi Schwäin gett gespillt vum Pol Belardi.


ree

Der Katsuro Kaz hiere beschte Frend ass de Rythmus, an dat heiert ee, wa si mat hieren duuse Patten trommelt. D’Katsuro Kaz gett gespillt vum Niels Engel. 


ree

De Benji Bier geet op de Keys ab, wéi de Winni Puh wann hien Hunneg richt. 

Den Benji Bier gett gespillt vum Joe Schmitz. 

 
 
 

Comments


bottom of page