Nikki Ninja x Fondation Sommer ( Recherche de texte fir den Album 2 )
- Nikki Ninja

- May 2
- 1 min read
An 12 Workshops, déi tëscht dem 6. Januar an dem 5. Mäerz 2026 organiséiert goufen, hunn d’Klass vun Emilie Glaesener zu Miersch an déi vum Sam Hilger zu Eech d’Welt vum Nikki Ninja souwéi d’Schrëtt vun der Albumproduktioun entdeckt.
Si hunn eng Aféierung an den Hip-Hop kritt an hunn och hiren éischte Rap-Text geschriwwen.
D’Klass vun Emilie Glaesener hat d’Méiglechkeet, de Beruff vun der Alexandra Lichtenberger als Kostümdesignerin kennen ze léieren, andeems si selwer Kostümer fir d’Figur « Kätti Konfetti » aus dem Nikki Ninja-Universum entworf hunn. D’Klass vum Sam Hilger huet dogéint de Beruff vum Sascha di Giambattista als Grafiker entdeckt, andeems si geléiert hunn, Profiller a Graffiti-Schrëften ze skizzéieren.
D’Haaptaktivitéit war awer d’Exploratioun vu verschiddene Sujeten, op eng spilleresch Manéier vun Nicole Bausch a Gilles Seyler vermëttelt, wéi zum Beispill: « Ech falen, a wéi weider? Bleift een um Buedem oder steet een erëm op? Feeler maachen – ass dat an der Rei? », « Wat ass däin Dram? Wat wëlls du maachen wanns du grouss bass? Wéi gesäis du däi Liewen an 20 Joer? » asw. Dës zentral Aktivitéit huet et Nicole Bausch erméiglecht, hir Texterfuerschung ze maachen an d’Lidder fir den zweete Album vum Projet Nikki Ninja ze schreiwen.
Zum Ofschloss wäerten d’Kanner nach guidéiert Visiten zu Neimënster maachen, wou de Beruff vum Touningenieur / Stagehand hinnen erkläert gëtt, souwéi d’Geschicht vu Neimënster. Den 8. an 9. Juni kommen si dann d’Scolairen d’fertig gestallte Stéck gesinn, wou Nikki Ninja hinnen fir hir Aarbecht an d’Ënnerstëtzung Merci soe wäert.
















Comments