top of page
Search

Nikki Ninja x CST ( Fondation EME )

  • Writer: Nikki Ninja
    Nikki Ninja
  • Mar 1
  • 1 min read

Updated: Jul 7

Dëst Joer ass et d’Zil, de Projet mat Kanner aus zwou soziothérapeutesche Strukturen ze widderhuelen. D’Participante kréien d’Méiglechkeet, zesumme mam Nikki Ninja e Lidd zum Thema "Superkräften" ze schreiwen. All Kand entdeckt seng eege Superkraaft a setzt sech dobäi mat dem Thema Selbstvertrauen auserneen. Fir dës Editioun bleiwe Kanner am Video anonym. Dëst artistescht Team wäert kreativ Léisunge fannen, fir e Video ze produzéieren, deen – ouni d’Gesiichter vun de Kanner ze weisen – hinnen trotzdem erlaabt, houfreg op dat fäerdegt Resultat ze sinn. De Video gëtt am Kader vun der Konschtausstellung gewisen, déi vum Telos Éducation a Solina Solidarité Jeunes de 20. an 21. Juni organiséiert gëtt.


Kuck den ninjatastesche Video hei :https://www.youtube.com/watch?v=c4FX3Ty7mMw


De Projet huet tëscht Februar an Juni 2025 statt.




Photo Credits: Fondation EME / Lynn Schauss
Photo Credits: Fondation EME / Lynn Schauss

 
 
 

Comentários


bottom of page